Kee Sabotage Problemer mam "Reflecting Pool" suerge weider fir Sträit am Wäissen Haus

RTL Lëtzebuerg
De renovéierte "Reflecting Pool" virum Lincoln Memorial zu Washington huet sech als Konstruktiounsfeeler amplaz als Fall vu Vandalismus erausgestallt.
© JIM WATSON/AFP

Den US-President Donald Trump hat behaapt, Géigner hätten d'Beschichtung vum Basseng express futtigemaach. Elo huet de Parquet d'Ukloe fale gelooss.

Den Ermëttlungen no ass d'Beschichtung net fachgerecht ugeluecht ginn, soudatt sech d'Faarfschicht geléist huet.

Ee Mann, dee wéinst angeblecher Sabotage ugeklot war, hat just e Stéck vun där ofgeléister Beschichtung aus dem Waasser geholl. Hie wëll elo Schuedenersaz fuerderen.

De Fall huet fir Spannungen tëscht dem President, der Procureur générale Jeanine Pirro an dem zoustännegen Inneminister Doug Burgum gesuergt. Si gi sech géigesäiteg d'Schold.

De "Reflecting Pool" muss elo schonn eng zweete Kéier dëst Joer renovéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO