
Schwéier Netzwierkstéierungen an engem Rechenzentrum vu Google zu London haten zu Probleemer bei enger Rei Cloud-Déngschter vum Konzern gefouert. Et hätt "verstäerkt Feeler an zäitweis Netzwierkausfäll an der Regioun europe-west2" ginn, huet Google erkläert. D'Serveren dovu leien an der brittescher Haaptstad. Betraff wier dovu virun allem dat digitaalt Bezuelen, dorënner d'Online-Banke Revolut an ING.
Och zu Lëtzebuerg hu Clienten en Dënschdeg an der Mëttesstonn vereenzelt Probleemer mam Bezuele gemellt. Wéi ING Lëtzebuerg op RTL-Nofro hi matgedeelt huet, wiere si zu Lëtzebuerg awer net concernéiert. Nieft dem Online-Banking sollen och nach aner Servicer, Internetsitten an Entreprise-Softwarë vu Google betraff gewiescht sinn.
No der Mëttesstonn huet Google matgedeelt, datt e Stroumausfall an engem Cloud-Rechenzentrum zu London d'Stéierunge verursaacht hätten. Et géif een hoffen, datt d'Déngschter gläich nees retabléiert kënne ginn.
D'Online-Bank Revolut huet sech och schonn zum Virfall geäussert a gesot, datt d'Donnéeën an d'Sue vun de Cliente sécher wieren.