Am Appell confirméiert30 Joer Prisong fir Hëllef bei Attentat op Stroossbuerger Chrëschtmaart 2018

RTL mat AFP
Well hien dem Täter gehollef hat beim Beschafe vun enger Waff, ass e 44 Joer alen Ivorer zu 30 Joer Prisong verurteelt ginn.
Den Affer vu Stroossbuerg gëtt zanter dem Uschlag reegelméisseg geduecht
Den Affer vu Stroossbuerg gëtt zanter dem Uschlag reegelméisseg geduecht
© ELYXANDRO CEGARRA/Anadolu via AFP

D’Cour d’assises spéciale d’appel zu Paräis huet d’Urteel aus éischter Instanz confirméiert. De virbestrooften Audrey Mondjehi ass zu 30 Joer Prisong verurteelt ginn, déi éischt 20 dovun ouni Chance op fréizäiteg Entloossung. De Mondjehi hat dem Dschihadist Chérif Chekatt gehollef, sech eng Waff ze besuergen, mat där dësen 2018 zu Stroossbuerg um Chrëschtmaart fënnef Persounen erschoss an 11 weiderer blesséiert hat. No enger zwee Deeg laanger Flucht war den Terrorist am Neudorf vu Stroossbuerg, wou hie grouss gi war, neutraliséiert ginn.

De Verurteelten huet weider bestridden, vum Chekatt senger Radikalisatioun gewosst ze hunn, wéi hien him gehollef hat, eng Waff ze kréien. 2007 hat déi Zwee sech am Prisong kennegeléiert. Donieft wäert sech de gebiertegen Ivorer Mondjehi net méi a Frankräich dierfen ophalen.

Weider Urteeler

An éischter Instanz waren zwee weider Intermediairen am Zesummenhang mam Attentat zu Prisongsstrofe vu véier a fënnef Joer verurteelt ginn. Dës sinn op ee Joer a 6 Méint, jeeweils mat Sursis, erofgesat ginn. En drëtten Ugekloten ass fräigesprach ginn.

Den 80 Joer alen Albert B., deen dem Mondjehi an dem Chekatt puer Stonne virum Uschlag d’Waff vun der Dot verkaaft hat, wäert guer net viru Geriicht kommen. Enn 2025 war an enger medezinescher Expertis constatéiert ginn, datt säi Gesondheetszoustand net “kompatibel” wier mat engem Erschénge viru Geriicht. Scho beim Urteel an éischter Instanz war de B. net present gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO