
Dem Parquet no soll den 21 Joer ale Mann am Video op Arabesch dem sougenannten "Islamesche Staat" (IS) d'Trei geschwuer hunn. De Video soll um Dag vun der Dot opgeholl gi sinn.
Bei der Attack gouf eng Fra aus Polen ëm d'Liewe bruecht, 29 weider Persoune goufe blesséiert, e puer dovun schwéier. De Verdächtege gouf bei senger Festnam vun der Police erschoss.
Wéi de "Spiegel" mellt, gouf den der Police bekannte presuméierten Täter Abdul B. nach um Dag vum Uschlag, also e Samschden, vun de Sécherheetsautoritéiten iwwerwaacht an ofgelauschtert.
Den Abdul B. war jo als potenzielle "Gefährder" aklasséiert ginn, dat well e virbestrooft war an och versicht hat, sech der Terrormiliz IS unzeschléissen. Hie war am Libanon festgeholl ginn an no senger Réckrees op Däitschland fir e puer Méint an Untersuchungshaft. Am Mee 2026 gouf hien nees op fräie Fouss gesat. Datt d'Dot trotzdeem net verhënnert ginn ass, gëtt natierlech vu ville Säite bei eisen däitsche Noperen kritiséiert.
Den Inneminister Dobrindt huet zum Beispill elo ugekënnegt, datt mat Foussfesselen a präventive Prisongsstrofen méi haart géint esou "Gefährder" soll virgaange ginn.