Schwaarzen Damp iwwert dem Golf vum OmanPresuméiert iranesch Attack op den Ueleghafe vu Fudschaira

AFP, iwwersat vun RTL
D'iranesch Arméi hat e Samschdegmoie virun Attacken op Häfen an den Emirater gewarnt an d'Awunner opgeruff, sech vun dëse fort ze halen.
Damp iwwert dem Hafe vu Fudschaira
© -/AFP

Den Iran huet, wéi et ausgesäit, en Ueleghafen an de Vereenten Arabeschen Emirater attackéiert. Iwwert der Hafestad Fudschaira am Golf vum Oman waren e Samschdeg de Moie schwaarz Dampwolleken ze gesinn. Den Autoritéiten no wier de Brand ausgebrach, nodeems Stécker vun enger Dron, déi ofgeschoss gouf, erofgefall sinn.

D’iranesch Arméi hat am Virfeld virun Attacken op Häfen an den Emirater gewarnt an d’Awunner opgeruff, sech vun dëse fort ze halen. Et wier d’legitimt Recht vum Iran, sech ze wieren andeems een amerikanesch Missilë géing attackéieren, déi sech do befannen. D’Ziviliste goufen opgeruff, d’Géigende ronderëm Häfen z’evakuéieren.

Back to Top
CIM LOGO