
D'Pressespriecherin vum Wäissen Haus, Karoline Leavitt, huet ugekënnegt, datt si wéinst der imminenter Gebuert vun hirem zweeten Kand an de Congé de maternité geet. En offiziellen Ersatz gouf nach net genannt.
Wärend der Karoline Leavitt hirem Congé de maternité wäerten d'Pressebriefingen net nëmme vun anere Regierungsvertrieder, mee och direkt vum President Donald Trump ofgehale ginn. Nieft him solle sech och de Vizepresident JD Vance an aner Kabinettsmemberen heiansdo hannert d'Pult stellen.
D’Leavitt selwer huet ugedeit, datt si sech op d’Zäit ewech vun dësem stressvolle Posten freet. Bei engem Event am Abrëll huet si erkläert, wéi wéineg Schlof si wéinst hirer Aarbecht kritt. Och nuets géif si Artikelen liesen a Messagen un hiert Team schécken, fir falsch Informatiounen direkt ze korrigéieren. Dëst wier en dauerhafte Stress an Deel vun engem 24/7-Newszyklus.
Et ass nach net kloer, wéi laang si fort bleift.
D'Karoline Leavitt, 28 Joer al an domat déi jéngst Pressespriecherin jeemools, ass scho Mamm vun engem Jong (gebuer am Juli 2024). Si ass bekannt fir hir offensiv Manéier géintiwwer de Medien a fir hir energesch Ënnerstëtzung vum President Donald Trump, obwuel seng Popularitéitswäerter weider zeréckginn.