Kriminell Banden am ViséierPresidente vu Kolumbien an Ecuador streiden iwwer Asaz vu Bommen an der Grenzregioun

RTL mat AFP
D'Tensiounen tëscht de Presidente vu Kolumbien an Ecuador spëtze sech weider zou, dat nodeems eng ecuadorianesch Bomm soll op kolumbianeschen Territoire geheit gi sinn.
De Gustavo Petro (l), President vu Kolumbien, an den Daniel Noboa (r), President vun Ecuador.
De Gustavo Petro (l), President vu Kolumbien, an den Daniel Noboa (r), President vun Ecuador.
© RAUL ARBOLEDA EVARISTO SA/AFP

No Méint vun Tensiounen hunn d’Leader vu Kolumbien an Ecuador sech en Dënschdeg ëffentlech gestridden, nodeems et Virwërf gouf, datt ecuadorianesch Bombardementer géint presuméiert kriminell Gruppen un der Grenz och kolumbianeschen Territoire getraff hätten. De lénksorientéierte kolumbianesche President Gustavo Petro huet op X eng Foto vun enger net explodéierter Bomm gedeelt, déi senge Wierder no am Grenzgebitt tëscht deenen zwee Länner erofgeheit gouf, dat net weit vun engem Familljenhaus.

E Spriecher vun der kolumbianescher Arméi huet der Noriichtenagence AFP gesot, datt Spezial-Ekippen d’Bomm en Dënschdeg den Owend onschiedlech gemaach hätten. De kolumbianesche Verdeedegungsminister Pedro Sanchez huet d’Awunner opgefuerdert, d’Géigend ze evitéieren an huet méi spéit ugekënnegt, datt Truppen do stationéiert goufen.

De rietskonservative President vun Ecuador Daniel Noboa – en Alliéierte vum US-President Donald Trump – huet sengersäits op X reagéiert a gesot, säi Land géif “aktuell Plaze bombardéieren, wou sech kriminell Gruppe verstoppen”, déi “gréisstendeels kolumbianesch sinn an duerch d’Noléissegkeet vun Ärer Regierung iwwer d’Grenz an eist Land komm sinn”.

Kolumbien an Ecuador deelen eng 586 Kilometer laang Grenz, wou kolumbianesch Guerilla-Gruppen an aner kriminell Organisatiounen aktiv sinn. Si bedeelegen sech ënner anerem um Drogen-, Waffen- a Mënschenhandel souwéi un illegalem Biergbau. Schonn 2008 hat et eng änlech Eskalatioun ginn, wéi den deemolege kolumbianesche President Álvaro Uribe en Ugrëff op ecuadorianeschem Buedem ordonéiert hat, fir e FARC-Kommandant auszeschalten.

Ecuador huet viru kuerzem Anti-Drogen-Operatioune mat Ënnerstëtzung vun den USA gestart an ass och der “Shield of the Americas"-Koalitioun bäigetrueden, engem Bündnis vu 17 Länner, dat dëse Mount vum Donald Trump gegrënnt gouf, fir den Drogenhandel an der Regioun ze bekämpfen. Kolumbien, wéi och aner lénksgeriichte Länner a Latäinamerika, gouf net an dës Koalitioun opgeholl, obwuel Bogota a Washington sech rezent op eng Zesummenaarbecht géint Karteller a Guerilla-Gruppe gëeenegt haten.

Ronn 70 Prozent vum Kokain, dat a Kolumbien a Peru produzéiert gëtt – déi gréisst Produzente weltwäit – geet duerch Ecuador, fir vun do aus iwwer Pazifik-Häfen exportéiert ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO