Am Virfeld vum 77. Gebuertdag vun der chineesescher Marinn fannen den Ament an iwwer zéng chineesesche Stied Porte-ouvertë statt. Hei kënnen d’Leit eng 40 Militärschëffer besichtegen. Si kréien och en Abléck an déi weider Ausrüstung vun der Marinn. Peking huet an de leschte Joerzéngte massiv an den Ausbau vu senge maritimme Fäegkeeten investéiert. D’chineesesch Marinn ass, wat d’Unzuel vun de Schëffer ugeet, nach virun den USA, déi gréissten op der Welt. Si spillt eng zentral Roll bei der chineesescher Aussepolitik am südchineesesche Mier, déi vu villen internationale Beobachter als expansiv ageschat gëtt.