
Fir dës Reduktioun vum Effectif soll awer kee gekënnegt kréien. Et setzt een éischter drop, datt zum Beispill eeler Mataarbechter hir Aarbechtszäit reduzéieren oder Leit aus anerer Grënn d‘Firma verloossen. Op där anerer Säit engagéiert sech Porsche nämlech d'Produktioun an Däitschland z'erhalen.
D'Zil vun dësem sougenannten Zukunftspak wier d'Personalkäschten däitlech ze reduzéieren. Gläichzäiteg solle méi wéi 2 Milliarden Euro an d'Produktiounen an Däitschland z'investéieren. Doduerch soll den Autosbauer méi kompetitiv ginn, a laangfristeg Aarbechtsplaze kënnen erhalen.