Chrëschtmetten an "Urbi et Orbi"Poopst Leo XIV. erënnert un d'Leed vun de Mënschen a Kriseregiounen a sënnlos Konflikter

AFP
De Poopst Leo XIV. huet e Mëttwoch den Owend déi éischt Chrëschtmette vu sengem Pontifikat am Péitersdoum am Vatikan ofgehalen.
© ANDREAS SOLARO/AFP

Viru Kardineel, Bëscheef, Diplomaten an enge 6.000 Gleewegen huet hie seng reliéis Priedegt gehalen, ouni direkt op aktuell Theemen anzegoen. Chrëschtdag wier ee Fest “vum Glawen, vun der Léift a vun der Hoffnung”, sot de Poopst. Gläichzäiteg huet hien eng “verkéiert Wirtschaft” kritiséiert, déi “dozou verleet, Mënsche wéi Wuer ze behandelen.”

Virum Ufank vun der Mass ass de Poopst op d’Péitersplaz erauskomm, fir déi do versammelt Gleeweg ze begréissen. Obwuel et gereent huet, hate sech do eng 5.000 Mënsche versammelt, fir d’Zeremonie op Bildschiermer ze begleeden, well an der Basilika keng Plaz méi war. “De Péitersdoum ass immens grouss, mee leider net grouss genuch, fir se all opzehuelen”, sot de Leo XIV. de versammelte Leit op Englesch. “Ech bewonneren a respektéieren Iech a soen Iech Merci fir Äre Mutt an Äre Wonsch, den Owend hei ze sinn.”

D’Chrëschtmetten zelebréieren d’Gebuert vum Jesus Christus an ass ee vun de wichtegsten Deeg am Kalenner vun der kathoulescher Kierch. Chrëschtdag 2025 markéiert gläichzäiteg och d’Enn vum Hellege Joer, dat dëst Joer Millioune Pilger op Roum bruecht huet.

En Donneschdeg de Moie gouf et dann nach eng Chrëschtdagsmass an ëm 12 Auer huet de Poopst säi Chrëschtdagsmessage an de Seegen “Urbi et Orbi” ausgeschwat. Um zweete Chrëschtfeierdag hält de Poopst Leo dann nach d’Mëtteggebiet op der Péitersplaz.

De Poopst Leo XIV. huet a sengem Seege virun allem un d’Leed vun de Mënschen a Kriseregiounen opmierksam gemaach. Hien denkt un al déi, déi ënner Ongerechtegkeet, politescher Instabilitéit, reliéiser Verfollgung an Terrorismus leiden an huet als Beispill d’Mënschen am Sudan, Südsudan, Mali, Burkina Faso an an der Demokratescher Republik Kongo genannt. De Poopst huet donieft fir Fridden an Trouscht fir d’Affer vun de Kricher an dëser Welt gebiet.

De Chef vun der kathoulescher Kierch huet op 10 verschiddene Sproochen de Leit e schéine Chrëschtdag gewënscht. Ënner anerem op franséisch, englesch an däitsch. Lëtzebuergesch huet de Poopst net geschwat. Mam Leo kënnt also eng Traditioun erëm, déi de Poopst François net weider gefouert hat.

Méi wéi 25.000 Leit waren op der Péitersplaz dobäi.

Fir den 31. Dezember steet een Owesgebiet fir de Joresofschloss um Poopst sengem Programm. Op Neijoerschdag, dee gläichzäiteg de kathoulesche Weltfriddensdag ass, gëtt et dann nach eng Mass am Péitersdoum. De Robert Francis Prevost aus den USA hat am Mee d’Successioun vu sengem verstuerwene Virgänger François ugetrueden.

Back to Top
CIM LOGO