
De Knuet, deen dem Poopst Leo XIV. bei enger Operatioun un der Long erausgeholl gouf, war "béisaarteg". Dat mellt de Vatikan en Dënschdeg den Owend. Beim Poopst hätt sech deemno d'Diagnos vun engem "Adenokarzinom vun der Long" confirméiert. Fir den Tumor "komplett" ewechzemaachen, wier beim Pontifex wärend dem Agrëff, deen 90 Minutte laang gedauert huet, den "Ënnerlappe vum rietse Longeflillek ewechgeholl" ginn.
Ob sech de Kriibs weider ausgebreet huet, war virop net kloer. Op Nofro hin huet de Vatikan matgedeelt, datt weider Analyse lafe géingen.
No der Operatioun en Dënschdeg de Mëtteg zu Roum hat de Vatikan scho matgedeelt, datt d'Operatioun "erfollegräich" gewiescht wier an den Agrëff wéi geplangt verlaf an de Poopst zréck a senger Kummer wier.
An der Mëttesstonn war de Poopst am Gemelli-Spidol zu Roum ukomm. Bei senger Arrivée huet hie gelaacht an de Leit gewonk, déi virun der Dier vun der Klinik op hie gewaart hunn.
Ënnert der Leedung vum Chirurg Stefano Margaritora gouf de Poopst vun enger Ekipp Dokteren operéiert. D'Spidol am Nordweste vun der italieenescher Haaptstad ass zanter Laangem déi éischt Ulafstell fir Peepst. Fir dësen Zweck gëtt et um ieweschte Stack eng Suite, an där de Poopst a säin Team vun Dokteren ënnerbruecht sinn. Well dës Raimlechkeeten de Moment awer renovéiert ginn, muss op aner Zëmmeren ausgewach ginn.
E Sonndeg hat de Pontifex ugekënnegt, datt hien an den nächsten Deeg misst operéiert ginn. De Knuet wier fréi entdeckt ginn, mee d'Dokteren hätten him awer geroden, sech operéieren ze loossen. Kniet an der Long sinn an der Reegel harmlos. Ob dem Leo XIV. seng nächste Rees a Südamerika, déi fir Ufank November geplangt ass, dovu beanträchtegt wäert ginn, ass nach net gewosst.