Reaktiounen um RTL-Mikro"Bildung ass ee Recht, kee Privileeg!"

Céline Eischen
Jeannot Ries
Dausende Schülerinnen a Schüler sinn en Dënschdeg bei eise franséischen Noperen op d'Strooss gaangen an hu fir besser Konditiounen an der Schoul protestéiert. A ville Stied goufen Demonstratiounen organiséiert, dorënner natierlech an der Haaptstad Paräis, mee awer och bei eis an der Géigend, zu Metz. Op der Plaz war och eng RTL-Ekipp.
Dausende Schülerinnen a Schüler sinn en Dënschdeg bei eise franséischen Noperen op d'Strooss gaangen an hu fir besser Konditiounen an der Schoul protestéiert.

Zu Metz huet d'Demonstratioun um 14 Auer op der Place de la Gare ugefaangen. Ugangs ware just eng puer Honnert Demonstranten do. Ma déi Zuel ass séier op ronn 2.500 geklommen. De Cortège ass vun der Gare bis bei d'Universitéit gaangen.

Et waren och net just Schülerinnen a Schüler do, mee och Elterevertriedungen, Proffegewerkschaften an och aner Gewerkschaften wéi d'Force Ouvrière, d'CGT oder och nach Vertrieder vun de Renault-Wierker.

De Protest ass zu Metz éischter friddlech iwwer d'Bün gaangen. Ausernanersetzunge mat der Police huet eis Ekipp op der Plaz net gesinn. Dat war allerdéngs an anere Stied anescht, notamment zu Nanzeg oder och nach zu Paräis, wou Tréinegas agesat ginn ass.

Polizist beschëllegt, Meedche bei Festnam net appropriéiert ugepaakt ze hunn
Op de soziale Medien ass e Video zirkuléiert, op deem e Polizist e mannerjäregt Meedche festgeholl an dobäi net appropriéiert soll ugepak hunn

Ee wichtege Facteur bei dëse Protester ass dee vun der sozialer Gerechtegkeet. D'Bildung sollt ee Moyen sinn, fir sech een anstännegt Liewen opzebauen, ma wa Proffen an Infrastrukturen a sozial schwaache Géigende feelen, dann ass dat schwéier, esou op d'mannst de Constat vun den Demonstranten.

Polizist beschëllegt, Meedche bei Festnam net appropriéiert ugepaakt ze hunn

Op de soziale Medien ass iwwerdeems e Video zirkuléiert, op deem e Polizist e mannerjäregt Meedche festgeholl an dobäi net appropriéiert soll ugepak hunn. Doropshi gouf d'Inspection générale de la police nationale (IGPN) saiséiert.

Coursen a franséische Lycéeë falen Enn der Woch aus

De franséische Premier Sébastein Lecornu huet en Dënschdegmëtteg annoncéiert, datt d'Coursen an de Lycéeën Enn der Woch ausfale wäerten, fir eng "Phas vun der interner Demokratie" mat de Schüler ze organiséieren, déi en Dënschdeg landeswäit protestéiert hunn.

Weider Artikelen zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO