
400 Leit hate missen evakuéiert ginn. Den hollänneschen Medien no kéint dës Explosioun mat der Virbereedung vu Bankomat-Sprengungen an Däitschland ze dinn hunn.
Am Keller vum Gebai wieren dofir déi néideg Sprengsätz preparéiert ginn, vun deenen der wuel e puer ongewollt lassgaangen sinn.