
Am däitsche Bundesland Nordrhein-Westfalen huet d'Police mat enger grousser Razzia en Dënschdeg de Rockergrupp Hells Angels an d'Viséier geholl. Engem Spriecher vum Inneministère no hunn eng 1.200 Beamten en Dënschdeg de Moie fréi iwwer 50 Objeten duerchsicht. Am Kader vun dëse Mesurë wier de Veräin "Hells Angels Motorcycle Club Leverkusen" verbueden an opgeléist ginn.
Dem Inneministère no handelt et sech bei der Aktioun ëm de gréissten Asaz géint d'Rocker-Kriminalitéit an der Geschicht vun Nordrhein-Westfalen. Duerchsicht goufe Wunnengen a Geschäfter vu Veräinsmemberen an Ënnerstëtzer. Grondlag fir de Verbuet vum Veräin an d'Razzia vun en Dënschdeg wieren deemno d'Resultater vu Ermëttlungen, déi den Ament nach lafen. De Beschëllegten gëtt den Ermëttlungen no ënnert anerem d'Bildung vun enger krimineller Vereenegung zur Laascht geluecht.