FrankräichPläng fir Social Media-Verbuet fir Jonker gouf ausgebremst

RTL Lëtzebuerg
A Frankräich goufen der Regierung hir Pläng, fir sozial Medien fir Jonker ënner 15 Joer ze verbidden, ausgebremst.
© MARCUS BRANDT/dpa Picture-Alliance via AFP

De Conseil constitutionnel huet erkläert, dass de geplangte Gesetzestext eng disproportionéiert Aschränkung vun der Fräiheet wier, fir seng Meenung ze soen. De Staatschef Emmanuel Macron huet awer wëlles, um Projet festzehalen an huet de Premier Sébastien Lecornu gefrot, en neie Gesetzestext bis nächst Fréijoer auszeschaffen.

Back to Top
CIM LOGO