
D'Schëff "El Gaia" wier op der vum Iran verminnter Streck ënnerwee gewiescht, wéi et zu enger Detonatioun komm wier. Den Tanker wier iwwer eng vun hire Séi-Minne gefuer, sou d'iranesch Revolutiounsgarden, a wier dono a Flamen opgaangen.
D'Revolutiounsgarden haten am Virfeld explizitt gewarnt iwwer de südlechen Deel vum Mierespassage ze fueren. All Schëff misst den nërdleche Wee huelen, also laanscht déi iranesch Küst. Just do wier de Passage sécher.
D'Strooss vun Hormus ass am Iran-Krich zum zentrale Sträitpunkt tëscht Teheran a Washington ginn. Virum Krich ass ronn e Fënneftel vun der weltwäiter Pëtrolsversuergung duerch de Mieresspassage gelaf. Och Flësseggas an Dünger aus de Golfstaate ginn iwwert dëse Wee exportéiert.
De Konflikt am Hormus-Passage huet net nëmmen en negativen Impakt op d'Pëtrolspräisser, mä och op d'Ëmwelt. Greenpeace mellt fënnef gréisser Uelegteppecher an der Strooss vun Hormus an dës hätten deels Naturschutzgebidder un der Küst vum Iran a vum Oman erreecht. D'USA an den Iran hunn an der lescht ëmmer nees Schëffer an der Regioun attackéiert an deels zerstéiert.