
De Gewënner vun der leschter Wal an Ungarn a mat grousser Warscheinlechkeet och den nächsten ungaresche Regierungschef Peter Magyar wëll, datt säi Land der Eurozon bäitrëtt. De Magyar erhofft sech doduerch eng gréisser Stabilitéit vun de Präisser. An de leschte Joren hat de Forint, mat deem een aktuell an Ungarn bezilt, däitlech u Wäert verluer an doduerch ass och d’Inflatioun an Ungarn op ee vun den héchsten Niveauen an der EU geklommen. Aktuell erfëllt Ungarn d’Konditiounen awer net, fir der Wärungsunioun kënne bäizetrieden.
“De Bäitrëtt zu der Eurozon läit am Interessi vun Ungarn”, sot de Magyar e Méindeg. Hien huet dobäi och op Bulgarien verwisen, déi zanter dem 1. Januar d’Gemeinschaftswärung agefouert hunn. Géif Ungarn dësem Beispill nogoen, “wäert dëst eng Präisstabilitéit fir Ungarn bréngen, déi dann net méi ënner der Rekordinflatioun leide misst”.
De Magyar mécht den nach Regierungschef Viktor Orban fir déi héich Präisser verantwortlech. D’Inflatioun hat an Ungarn Ufank 2023 mat 25,7 Prozent den héchste Stand an der ganzer EU erreecht. Rezent louch se am Verglach mam Joer virdrun weiderhi bei iwwer véier Prozent an domadder däitlech iwwert dem EU-Duerchschnëtt.
Weider ass déi europäesch Gemeinschaftswärung och bei villen Ungare beléift, och wann den Orban an de leschte Joren ëmmer nees fir Skepsis bei allem, wat vun der EU koum, gesuergt huet. Bei enger Ëmfro vun Eurostat am Mäerz 2025 hate sech 75 Prozent vun de Bierger am Land fir d’Aféiere vun der Gemeinschaftswärung ausgeschwat. Dat ass de gréissten Zousproch ënnert den EU-Länner, déi nach net Member vun der Wärungsunioun sinn.
D’Aféiere vum Euro ass awer e komplexe Prozess, dee méi Joren an Usproch sollt huelen. Prinzipiell sollen all d’EU-Länner, déi d’Eenheetswärung nach net agefouert hunn, dat laangfristeg maachen. Dofir musse si awer d’Krittäre vu Maastricht, déi an den EU-Verträg festgehale sinn, erfëllen. Si mussen ënner anerem Informatiounen zu der Staatsverschëldung, dem Defizit am Budget an der Stabilitéit vum Wiesselcours uginn.
Ungarn erfëllt awer aktuell déi meescht Krittäre bei wäitem net, esou wéi d’EU-Kommissioun an d’Zentralbank 2024 festgestallt hunn. Weider ass d’Land net Member vum Europäesche Wiesselcoursmechanismus, kuerz ERM II. Si mussen hei op d’mannst zwee Joer Member sinn, éier si der Eurozon bäitriede kënnen.
E Bäitrëtt dierft also net virum Ufank vum nächste Joerzéngt passéieren. De Magyar wollt och dofir nach keen Zäitraum nennen, wéini een den Euro aféiere wéilt. Als éischt bräicht et eng grëndlech Analys vun der aktueller wirtschaftlecher Situatioun an Ungarn an zu den ëffentleche Finanze vum Land, sot hien. Et kéint een awer 2030 oder 2031 envisagéieren.