Méiglech Onofhängegkeet vu Groussbritannien soll beschwat ginnParteicheffen aus Schottland, Nordirland a Wales hunn Entrevue zu Cardiff

RTL Lëtzebuerg
Sech méiglecherweis vu Groussbritannien lassléisen, dat ass d'Zil vun dräi Parteien aus Schottland, Nordirland a Wales, déi sech e Méindeg zu Cardiff gesinn
Bei der Entrevue am walisesche Cardiff soll et ëm eng méiglech Ofspléckung vum Vereenegte Kinnekräich goen.
© Pixabay

De schottesche Regierungschef Jon Swinney vun der schottescher Nationalpartei SNP, de Chef vun der Pro-Autonomie-Partei Plaid Cymru aus Wales, de Rhun Iorweth an d'Michelle O'Neal vun der Sinn-Féin an Nordirland wëlle "préiwen, wéi ee kann zesummeschaffen", heescht et an enger gemeinsamer Erklärung.
Et ass déi éischte Kéier, dass déi dräi sech an där Form gesinn. Si wëllen och déi brittesch Regierung opruffen, Verfassungsännerungen an hiren dräi Länner ze plangen an ze preparéieren. Vu London heescht et awer fir déi dräi Regioune just, dass se brittesch sinn an och wäerte bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO