Nëmme Kreml-frëndlech Parteien zougeloossPartei vum Putin wënnt wéi erwaart d'Parlamentswalen a Russland

Monica Camposeo
Staatlechen Héichrechnungen no géing d'Partei op 57 Prozent vun de Stëmme kommen.
Membere vun enger lokaler Walkommissioun ziele Stëmme bei de russesche Parlamentswalen zu Donezk, an der vu Russland kontrolléierter Ukrain.
Membere vun enger lokaler Walkommissioun ziele Stëmme bei de russesche Parlamentswalen zu Donezk, an der vu Russland kontrolléierter Ukrain.
© STRINGER/AFP

No de Parlamentswahlen a Russland sinn aktuell eppes iwwer 90% vun de Stëmmen ausgezielt. D'Regierungspartei ronderëm de Vladimir Putin kéim deemno op eppes méi wéi 57% vun de Stëmmen. Déi Kreml-trei kommunistesch Partei läit bei ronn 14 %. Am Laf vum Dag sollen déi definitiv Resultater bekannt gemaach ginn.

Et kann een awer dervun ausgoen, dass d'Regierungspartei vum Putin nees op eng Zwee-Drëttel-Majoritéit an der Duma wäert kommen, an domat och eleng Verfassungsännerunge ka maachen.

"Gëeenegt Russland" huet zanter 2003 all d'Parlamentswalen gewonnen. Nieft dem Putin senger Partei ware just aner Kreml-trei Parteien zur Wal zougelooss.

Eréischt de leschte Mount gouf d'Anti-Krichspartei Jabloko vun de Walen ausgeschloss. Dat heite war elo déi éischte Kéier, dass d'Biergerinnen a Bierger a Russland nom Ugrëffskrich op d'Ukrain hir Stëmm konnten ofginn. E Krich, deen och ëmmer méi Auswierkungen op déi russesch Zivilgesellschaft huet.

E Sonndeg koum et iwwerdeems nach wärend dem leschte Wal-Dag zu engem massiven ukraineschen Dronen-Ugrëff. De Moskauer Buergermeeschter sot, d'Loftofwier hätt eng 1.600 Drone kënnen ofschéissen. Zwee Doudeger wieren awer ze bekloen. D'Russen hunn hirersäits mat Rakéiten op ukrainesch Stied geäntwert.

Back to Top
CIM LOGO