
De Vertrieder vum Parquet Matthias Böttcher huet en Donneschdeg virum Landesgeriicht zu Magdeburg dozou plädéiert, fir de presuméierten Täter zu enger liewenslaanger Prisongsstrof ze verurteelen. Wéinst der schwéierer Gravitéit vu senger Dot soll den Ugekloten och nodeem hie seng Strof ofgesiess huet, net op fräie Fouss kommen, mä nach an déi sougenannt "Sicherungsverwahrung" kommen. D'Gewaltdot, déi de Mann duerchgefouert hat, sprengt "all mënschlech begräifbar Dimensioun" esou de Böttcher.
Dësen huet dann och betount, datt et keen Zweiwel dru géif ginn, datt den Ugekloten och den Täter wier. Hien hätt seng Dot wéinst sengen Iwwerzeegungen "laang an am Viraus geplangt." Dat Leed, wat hie mat senger Dot ausgeléist huet, dauert bis haut un an ass "net ze beschreiwen".
Der Uklo no war den Täter den 20. Dezember 2024 mat engem gelounten Auto iwwert de Chrëschtmaart zu Magdeburg gerannt an huet vill Leit doduerch blesséiert. Sechs Persoune sinn duerch d'Dot ëm d'Liewe komm iwwer 300 weiderer ware verletzt ginn.
Zanter November muss sech den Dokter, deen aus Saudi-Arabien kënnt, virum Landesgeriicht ënner anerem wéinst sechsfachem Mord veräntweren. Hien hat zouginn, d'Attack geplangt ze hunn, huet awer bestridden, datt hie Mënsche gezielt iwwerrannt huet. Seng Aussoen am Prozess waren deels ganz duercherneen a voll vu Verschwörungstheorien.
Dem Vertrieder vum Parquet no war d'Motiv vun der Dot de Sträit mat engem Flüchtlingsveräin aus Köln. De presuméierten Täter hat an dësem Fall e Prozess verluer. Dem Ugeklote wier et drëm gaangen, fir dës Néierlag souwéi fir eng Rei Plainten, déi ouni Succès bloufen, "Revanche ze huelen". Den Ugekloten hätt och perséinlech Motiver gehat, esou de Böttcher weider. "Et goung a geet dem Ugekloten ëmmer just ëm eppes: ëm sech selwer". Dës deckt sech och mat der Aschätzung vum Psychiater, dee beim Ugekloten eng "narzisstesch Perséinlechkeetsstéierung" festgestallt huet. Den Ugekloten hätt seng Dot och net bedauert oder wier asiichteg gewiescht.
Datt den Ugeklote gesot huet, datt hien net realiséiert huet, datt hie Leit iwwerrannt huet, gleeft de Vertrieder vum Parquet him net. Videoen hätte kloer gewisen, wéi de presuméierten Täter mat engem iwwer zwou Tonne schwéieren an 340 PS staarken Auto deels Slalom a mat héijer Vitess duerch d'Usammlung vu Mënsche gefuer ass.
Fir déi lescht Aussoe vun der Defense an och den anere Parteien, déi sech der Klo ugeschloss hunn, gi wuel méi Verhandlungsdeeg gebraucht. Wéini d'Urteel ka falen, steet nach net fest.