Reproche vu VergewaltegungParäisser Parquet fuerdert, d'Enquête am Fall Luc Besson nei opzemaachen

AFP, iwwersat vun RTL
Dem Parquet no géifen et nei Elementer an der Affär ginn, déi ursprénglech als Non lieu klasséiert gi war.
De Luc Besson um Filmfestival vu Roum am Oktober 2025.
© LUCA CARLINO/NurPhoto via AFP

De Parquet général vun der Paräisser Cour d'appel fuerdert, dass d'Enquête wéinst dem Verdacht vu Vergewaltegung géint de franséische Regisseur Luc Besson nees sollt opgeholl ginn. Ausléiser vun der Fuerderung sinn nei DNA-Spueren, déi op engem Stéck Ënnerwäsch vun der Schauspillerin Sand Van Roy fonnt goufen.

D'Sand Van Roy hat den 18. Mäerz 2018 no engem Rendez-vous an engem Paräisser Hotel eng Plainte wéinst Vergewaltegung géint de Luc Besson deposéiert. Hien hätt si géint hire Wëlle mat senge Fanger penetréiert. Zwee Méint drop huet si weider Plainte wéinst Vergewaltegung a sexuellen Iwwergrëffer tëscht 2016 an 2018 géint de Regisseur deposéiert. Si huet deemools vun enger "berufflecher Ofhängegkeet" vum Besson geschwat, déi de Regisseur ausgenotzt hätt.

D'Justiz hat am Dezember 2021 en Non lieu an der Affär geschwat, dëst Urteel gouf am Mee 2022 vun der Cour d'appel an am Juni 2023 och vun der Cour de cassation confirméiert.

Ma dem Parquet no géif d'Entdeckung vun den DNA-Spueren duerch en hollännesche Labo en neit Element duerstellen, wouduerch et gerechtfäerdegt wier, d'Enquête nees opzemaachen. D'Chambre de l'instruction vun der Cour d'appel soll den 2. Juni iwwert dës Demande entscheeden.

Back to Top
CIM LOGO