
E Jury am Bundesstaat Georgia huet de 55 Joer ale Colin Gray en Dënschdeg wéinst Doutschlag an Homicide involontaire souwéi weidere Strofdoten a Relatioun mat der Attack an der Apalachee High School am September 2024 duerch säi Bouf Colt, deen ënner psychesche Problemer leit, fir schëlleg gesprach.
Et kënnt immens seele vir, datt sech en Elterendeel an den USA wéinst enger Dot, déi hiert Kand gemaach huet, viru Geriicht veräntwerte muss. De Colt Gray, deen antëscht 16 Joer al ass, gouf trotz sengem jonken Alter dem Erwuessenestrofrecht no ugeklot a waart op säi Verhandlungsdatum.
Bei der Attack an enger High School waren deemools zwee 14 Joer al Matschüler vum Täter an zwee Enseignanten ëm d’Liewe komm. Néng weider Leit goufe blesséiert.
De Parquet hat beim Prozess argumentéiert, datt de Colin Gray sengem Bouf dat hallefautomatescht Gewier, dat hie beim Amoklaf benotzt huet, 2023 fir Chrëschtdag kaf hat - dat obwuel hien dorop opmierksam gemaach gi war, datt säi Bouf am Internet mat engem Amoklaf gedreet hätt. Der Verdeedegung no hätt de Colin Gray näischt vun den Intentioune vu sengem Bouf gewousst a sech wéinst sengem psycheschen Zoustand, dee sech verschlechtert huet, Hëllef gesicht.
An den USA kënnt et ëmmer nees zu Amokleef u Schoulen. Ronn een Drëttel vun den Erwuessenen am Land besëtzt eng Schosswaff, souguer fir hallefautomatesch Gewierer sinn d’Virschrëfte labber.