Trump confirméiertPam Bondi als US-Justizministesch ofgesat

RTL Lëtzebuerg
Kuerz nodeem US-Medien dëse Schratt vum US-President annoncéiert hunn, huet dësen dat och via Truth Social confirméiert.
Déi fréier Procureure générale aus Florida, d'Pam Bondi, soll elo nächst Justizministesch ginn. Si war och schonn Deel vum Donald Trump senger juristescher Verdeedegungsekipp.
Virun hirem Posten als “Attorney General” war d’Pam Bondi ënner anerem Procureure générale am US-Bundesstaat Florida. Si war och schonn Deel vum Donald Trump senger juristescher Verdeedegungsekipp.
© AFP/Archives/MANDEL NGAN

Um fréien Donneschdeg den Owend eiser Zäit huet CNN gemellt, datt den US-President Donald Trump seng Justizministesch Pam Bondi ofgesat hätt. CNN huet sech, wéi och aner US-Medie wéi CBS, dobäi op intern Sourcen, déi mam Dossier vertraut sinn baséiert. D’Medien hunn och gemellt, datt der Pam Bondi hiren Adjoint Todd Blanche de Poste sollt iwwerhuelen. Et hat net laang gedauert, bis den US-President d’Meldung an de soziale Medien confirméiert huet.

US-Medien: Trump war mat Aarbecht vu Bondi net zefridden

Den Donald Trump soll rezent scho mat sengen enke Vertrauten driwwer diskutéiert hunn, datt hien d’Bondi net méi als Deel vu senger Regierung wéilt hunn. Hien hätt, esou CNN weider, och schonn e Mëttwoch perséinlech mat hir driwwer geschwat, datt hien dëse Schratt wéilt goen. D’Source sot géintiwwer CNN, datt d’Gespréich tëscht dem Trump an der Bondi “tough” gewiescht wier. Den US-President hätt der Pam Bondi awer och gesot, datt si méi spéit en neie Poste géif kréien. Den Donald Trump soll den US-Medien no wuel mam Gedanke spillen, si zu enger Riichterin z’ernennen.

Den US-President soll a verschiddenen Dossieren net zefridde mat der Aarbecht vun der Pam Bondi gewiescht sinn, haaptsächlech awer wier et e Problem gewiescht, wéi si mat den Epstein-Dossieren ëmgaange wier. Weider wier den Donald Trump de Quellen no och frustréiert driwwer gewiescht, datt d’Bondi seng politesch Géigner net genuch an d’Viséier geholl a poursuivéiert hätt.

Trump seet Bondi a Post “Merci”

Kuerz nodeem CNN d’Noriicht publizéiert huet, huet den US-President Donald Trump dëst op senger Plattform Truth Socials confirméiert. Hei lueft hien d’Aarbecht vun der “amerikanescher Patriotin a loyaler Frëndin”, schwätzt awer dovunner, datt si en neie Posten am “Privatsecteur” soll kréien. Ënner der Pam Bondi wier et gelongen, datt d’Kriminalitéit am Land gefall wier an et esou wéineg Morde géif ginn, wéi zanter 1900 net méi, esou den US-President weider.

Och confirméiert den US-President, datt den Todd Blanche neien US-Justizminister wäert ginn.

Back to Top
CIM LOGO