Och d’Stad Kandahar am Süde vun Afghanistan, an där den Taliban-Chef Hibatullah Achundsada säi Sëtz huet, ass attackéiert ginn. Genee Informatiounen zu Doudegen oder Blesséierte ginn et bis ewell keng. D’Taliban-Regierung behaapt, bei den Attacke wieren 8 Persounen op d’Liewe komm, op pakistanescher Säit geet vun Dosenden doudegen Taliban-Kämpfer Rieds.
An engem Bäitrag um Kuerznoriichtendéngscht X huet de pakistanesche Verdeedegungsminister Khawaja Asif der afghanescher Taliban-Regierung den “oppene Krich” deklaréiert an Afghanistan als indesch “Kolonie” bezeechent. Pakistan hätt keng Gedold méi an Afghanistan hätt an der Vergaangenheet Terroristen aus der ganzer Welt bei sech opgeholl fir Terrorismus z’exportéieren, esou den Asif weider.
Vum pakistaneschen Inneminister Mohsin Naqvi heescht et Medie géigeniwwer, d’Ugrëff wieren eng “adequat Reaktioun” op déi “oppen Aggressioun” vun den Taliban.
Bei de Kämpf am Grenzgebitt zum Afghanistan sinn zanter Oktober iwwer 70 Leit op béide Säiten ëm d’Liewe komm. Ganz rezent koum et zu engem Attentat op eng schiitesch Moschee zu Islamabad, wou iwwer 30 Leit ëm d’Liewe koumen. En Donneschdeg haten déi afghanesch Taliban iwwerdeems eng 15 pakistanesch Grenzposten attackéiert an eruewert.
No der Eskalatioun vun e Freideg de Moien hunn dann och den Iran a China reagéiert. Peking huet zu Zréckhalung opgeruff, wärend Teheran offréiert, als Vermëttler am Konflikt opzetrieden.