Zwee Lëtzebuerger waren ënnert den DoudesafferOptakt vum Prozess ëm déidlecht Air-Algerie-Fligeraccident am Joer 2014

RTL mat AFP
Ënnert den 116 Persounen, déi deemools ëm d'Liewe komm sinn, hu sech och zwee Lëtzebuerger Mataarbechter vun der ONG "Le Soleil dans la Main" befonnt.
D'Noémie Siebenaller an de Camille Arend, déi beim Accident ëm d'Liewe koumen.
© RTL Archiv

E Méindeg ass den Optakt vum Prozess ëm en déidlecht Fluchongléck, zu deem et am Joer 2014 koum. E Fliger vun der Fluchgesellschaft Air Algerie war deemools um Wee vu Ouagadougou op Algier iwwert dem Norde vu Mali erofgefall. Ënnert den 116 Persounen, déi deemools ëm d’Liewe komm sinn, hu sech och déi zwee Lëtzebuerger Mataarbechter vun der ONG “Le Soleil dans la Main” Noémie Siebenaller a Camille Arend befonnt. Allebéid goufe posthum als Lëtzebuergerin respektiv Lëtzebuerger vum Joer ausgezeechent.

Déi spuenesch Gesellschaft Swiftair, déi hire Fliger an den Equipage un Air Algeire ausgeléint haten, muss sech wéinst homicide involontaire zu Paräis viru Geriicht veräntwerten.

De Fliger war deemools iwwer eng sougenannten “intertropesch Donnerwieder-Zon” geflunn. Dobäi huet sech den automatesche System, dee fir d’Entäisung vum Fliger sollt suergen, net aktivéiert. Dat huet dozou gefouert, dass sech Äiskristaller an de Sensoren, déi den Drock moossen, forméiert hunn. Doduerch sinn d’Düse méi lues ginn, ouni dass d’Crew dorop richteg reagéiert huet. Doduerch koum et schliisslech zum fatalen Accident.

Déi franséisch Untersuchungsriichter si bei hirer Enquête zur Conclusioun komm, dass eng Rei Lacunne säitens der Fluchgesellschaft zum Accident gefouert hätten. Ënner anerem wier d’Crew net richteg forméiert ginn, sou dass si net hätt richteg kënnen op d’Situatioun reagéieren.

Back to Top
CIM LOGO