
Alt rëm sinn an enger Lawin an den Alpen Leit gestuerwen. A Südtirol huet eng Lawin e Samschdeg de Mëtteg op mannst zwee Schifuerer d’Liewe kascht. Si waren an der Géigend vu Ratschings op 2600 Meter ënnerwee.
Een huet missen vun der Bergwacht an d’Spidol geflu ginn. Dëse Wanter gouf et apaart vill Lawinen an den Alpen. Experte gesinn doranner eng Suite vum Klimawiessel. Zanter Uganks Oktober sinn dës Schisaison elo schonn 127 Mënschen gestuerwen.