
Bei enger Kollisioun tëscht engem Touristeschëff an engem Seegelboot virun der kroatescher Küst sinn op d'mannst véier Persounen ëm d'Liewe komm. Béid Schëffer krute sech e Sonndeg tëscht den Insele Solta a Brac ze paken. D'Seegelboot, dat ënner franséischem Fändel ënnerwee war, ass nom Accident ënnergaangen. Vun den aacht Persounen aus Tschechien, déi u Bord waren, sinn der dräi onmëttelbar nom Accident dout fonnt ginn. Véier konnte mat Blessuren aus dem Waasser gerett ginn.
Eng aacht Persoun gouf als vermësst gemellt. E Sonndegowend konnte Rettungstaucher hir Läich am Wrack vum Schëff a 50 Meter Déift lokaliséieren.
Déi 118 Passagéier a siwe Crew-Memberen u Bord vum Touriste-Schëff hunn den Accident onverletzt iwwerstanen.
D'Ursaach vun der Kollisioun ass nach net gewosst.