
Op d’mannst néng Persoune si bei enger Schéisserei dëse Mëttwoch an enger Schoul an der Tierkei ëm d’Liewe komm. Dat just een Dag, nodeem an enger anerer Schoul e fréiere Schüler eng Attack lancéiert hat, bei där hie 16 Leit blesséiert huet. De jonke Mann hat sech dono selwer ëmbruecht.
Beim rezentsten Amoklaf vun e Mëttwoch zu Kahramanmaras goung uganks vu véier Doudegen an 20 Blesséierte Rieds, entretemps huet den tierkeschen Inneminister Mustafa Ciftci de Bilan op 9 Doudeg erop korrigéiert. “Mir bedaueren 9 Doudeger mellen ze mussen (...) an 13 Verwonnter. 6 dovunner sinn den Ament op der Intensivstatioun, dovunner sinn der dräi a kriteschem Zoustand”.
“E Student koum an d’Schoul mat Waffen a sengem Rucksak, déi wuel sengem Papp gehéiert hunn. Hien ass an zwou Klassen eragaangen an huet einfach ëm sech geschoss. Dat huet zu Blesséierten an Doudege gefouert”, esou de Mukerrem Unluer, Gouverner vun der Regioun Kahramanmaras, nodeem dëse weider Detailer zu der Schéisserei krut.
Zeie soen, datt ee Schëss an der Schoul héieren hätt. Elteren, déi vum Tëschefall matkruten, wieren direkt bei d’Schoul komm. D’Police huet dowéinst e gréissere Sécherheetsperimeter ageriicht an op Fotoen ass ze gesinn, datt méi Ambulanzen an der Ëmgéigend am Asaz sinn. De Justizminister Akin Gurlek sot, datt den zoustännege Parquet direkt eng Enquête lancéiert huet.
En Dënschdeg schonn hat en Ex-Student a senger fréierer Schoul 16 Leit blesséiert a sech selwer erschoss, wéi d’Police op der Plaz war.
U sech si Schéissereien a Schoulen an der Tierkei rar. Am Mee 2024 hat e fréiere Schüler de Schouldirekter an enger Schoul zu Istanbul erschoss, dat fënnef Méint, nodeem hie vun der Schoul verwise gi war.