Bei engem Schëffsongléck virun der Küst vun Nordzypern sinn e Sonndeg op d'mannst aacht Leit ëm d'Liewe komm, 18 Leit gi vermësst. Dat huet de Regierungschef vun Nordzypern, den Ünal Üstel, matgedeelt. U Bord vun der Fär waren deemno 26 Leit. 172 vun hinne wiere vun de Secouristen a Sécherheet bruecht ginn. D'Biergungsaarbechte sinn awer nach amgaangen.
D'Onglécksursaach ass bis ewell nach net genee gewosst. Et geet awer rieds dovun, datt kuerz nom Depart Waasser an d'Passagéierschëff eragelaf wier. Biller vun tierkesche Sender hunn d'Schëff gewisen, dat deels schonn ënnergaange war. D'Schëff war am Norde vun der Insel fort gefuer an hat als Destinatioun en Hafen an der Tierkei.
E Sonndeg den Owend goufen de Kapitän vum Katamaran a 15 Crew-Membere festgeholl. Et gëtt nämlech schwéier Reprochen géint d'Besatzung. Iwwerliewender soen, dass Dieren am Schëff zougespaart an domadder méiglech Fluchtweeër verspaart waren. Ausserdeem wier de Kapitän als ee vun den éischten vum Schëff gesprong. Eng Enquête gëtt vun den Autoritéiten aus Nord-Zypern gefouert. An deem Kader goufen de Kapitän an néng aner Persounen e Méindeg en éischte Kéier vun engem Riichter gehéiert. An hirer Ausso hätte si der tierkescher Noriichtenagence Anadolu no uginn, dass d'Front vum Schëff vun de staarke Wellen opgerappt gi wier.
Zypern ass zanter 1974 gedeelt. D'Tierkei ass deen eenzege Staat, deen d'Tierkesch Republik Nordzypern, déi déi 1983 ausgeruff gouf, unerkennt. Déi griicheschsproocheg Republik Zypern am südlechen Deel vun der Insel ass zanter 2004 EU-Member.