
Bei engem trageschen Accident vun engem Schnellzuch am Süde vu Spuenien an der leschter Nuecht sinn 42 Leit ëm d’Liewe komm. 48 Verwonnter si weiderhin a Spideeler, 12 dorënner op Intensivstatiounen. Et ass de schwéiersten Zuchaccident a Spuenien zanter méi wéi 10 Joer an de Premier huet dowéinst seng geplangte Rees op de Weltwirtschaftsforum op Davos ofgesot
Et war um Sonndeg den Owend um 19.40 Auer dass an der Provënz Córdoba e Schnellzuch, ënnerwee vu Málaga op Madrid, aus de Gleise goung an op de Schinnestrank koum, dee parallel verlaf ass. Mat enger Vitesse vun 300Km an der Stonn huet de Schnellzuch do e Regionalzuch erwëscht, deen an déi entgéintgesate Richtung gefuer koum. A béiden Zich waren zesumme ronn 500 Passagéier ënnerwee. Vun den 122, déi a Spideeler bruecht goufe sinn der 48 no deenen den Ament nach muss gekuckt ginn.
Den Óscar Puente – spueneschen Transportminister: Den Accident werft Froen op. Et war op enger riichter Streck. Alleguer d’Eisebunnsexperten, déi haut hei si waren extreem iwwerrascht, well et ongewéinlech ass. Et ass immens schwéier den Ament z’explizéieren.
De Pedro Sánchez – spuenesche Premier: Mir wäerten d’Wourecht erausfannen a wann d’Äntwert op d’Ursaach vun där Tragedie gewosst ass, wäerte mer se mat absolutter Transparenz a Kloerheet ëffentlech maachen.
Eng Enquête ass mëttlerweil an d’Weeër geleet, mee si dierft e Mount daueren. Exzessiv Vitess oder e mënschleche Feeler kéinten als Ursaachen awer kloer ausgeschloss ginn, sou d’Eisebunnsdirektioun. E mechanesche Feeler um Zuch oder un de Gleisinfrastrukturen wiere schonn éischter Hypotheesen. D’Regierung huet 3 Deeg Trauer deklaréiert