
Bei enger Massepanik an engem hinduisteschen Tempel an Indien sinn neien Zuelen no op d'mannst 15 Persounen ëm d'Liewe komm. An engem éischte Bilan war nach vu siwen Doudesaffer rieds. D'Zuel vun 19 blesséierte Persounen, déi an d'Spidol bruecht goufen, ass bis elo nach bei 19 bliwwen.
Am Ashok-Dham-Tempel am Bezierk Lakhisarai vum ostindesche Bundesstaat Biha war et zum Virfall komm, wéi eng grouss Zuel u Leit sech versammelt hat, fir d'Hindu-Gottheet Shiva unzebieden. Zur Panik war et komm, wéi et geheescht hat, en elektresche Potto wier op Gleeweger gefall.
An Indien kënnt et wéinst schlechte Sécherheetsvirkéierunge bei groussen Usammlunge vu Mënschen ëmmer rëm zu déidleche Massepaniken. D'lescht Joer am November waren néng Persounen an engem Tempel ëm d'Liewe komm, 2024 war et bei enger grousser Priedegt zu 120 Doudege komm.