
Et wiere schonn 28 Doudeger gemellt ginn, huet en Donneschdeg de Regierungsspriecher Minoru Kihara zu Tokio matgedeelt. An der besonnesch betraffener Regioun Kumamoto hu Secouriste weider no Iwwerliewende vum Biewe vun en Dënschdeg gesicht.
Virun allem an den Iwwerreschter vun engem Akafszenter zu Kashima, deen deelweis an de Koup gefall ass, gëtt gefaart, datt nach Leit agespaart kéinte sinn. Honnertste Secouriste waren en Donneschdeg op der Plaz am Asaz. "Mir konnte bis elo zéng Mënschen eraushuelen", esou ee Spriecher vum Katastropheschutz zu Kumamoto. "Véier vun hinne waren definitiv dout, een huet keng siichtbar Liewenszeeche gewisen." Déi fënnef aner Mënsche wiere liicht bis schwéier blesséiert gewiescht.
D'Äerdbiewen hat d'Regioun en Dënschdeg am Nomëtteg gerëselt. Wéi et aus Japan heescht hat d'Biewen eng Stäerkt vu 7,1 op der Richterskala, wärend d'USA d'Stäerkt mat 6,8 uginn hunn. No dem grousse Biewe gouf et nach eng Rei Nobiewen. Japan läit an enger vun de Regioune mat der meeschte Plattentektonik weltwäit. Reegelméisseg ginn et Äerdbiewen op den Inselen. D'Prefektur Kumamoto, déi elo betraff war, gouf schonn 2016 vun zwee schroe Biewe getraff. Deemools sinn 273 Mënsche gestuerwen, méi wéi 2.800 Leit goufe blesséiert.