"Gebuertsdagskaddo fir Putin"Op d'mannst 50 Doudesaffer bei russeschen Attacken

AFP, iwwersat vun RTL
Et war eng vun de gefaarte kombinéierten Attacken. Russland huet Ziler an der Ukrain mat Missillen, ballistesche Rakéiten a Kampfdronen attackéiert.

Russland huet d'Ukrain eng éischte Kéier dësen Hierscht mat enger gefaarter combinéierter Attack mat ballistesche Rakéiten, Missillen a Kampfdronen ugegraff. D'Ukrain mellt vill Doudeger, Dosende Blesséierter an uerg Schied. De President Selenskyj huet an enger éischter Reaktioun vun op d'mannst 25 Doudegen an iwwer 100 Blesséierte geschwat.

Eleng an der Stad Pryluky koumen op d'mannst 19 Leit ëm d'Liewen a 55 weiderer goufe blesséiert. Ënnert den Doudege wieren och fënnef Kanner, fënnef weider Kanner wiere blesséiert ginn. An der Stad ronn 120 Kilometer vu Kiew ewech wier en Appartementshaus iwwer fënnef Etagë getraff ginn. Ënnert de Stécker kéinten nach Leit sinn.

Op d'mannst 50 Doudesaffer bei russeschen Attacken
Et war eng vun de gefaarte kombinéierten Attacken. Russland huet Ziler an der Ukrain mat Missillen, ballistesche Rakéiten a Kampfdronen attackéiert.

Aus Krementschuk goufe 47 Blesséierter no enger russescher Dronenattack gemellt. Zu Kirowohrad sinn zwee Leit bei enger Attack op e Betrib gestuerwen. Dräi Leit wieren dobäi blesséiert ginn.

Attack als "Gebuertsdagkaddo fir Putin"

Den ukrainesche President nennt d'Attack e "Gebuertsdagskaddo fir de Putin". De Kremlchef gouf e Mëttwoch 74 Joer al. Den Datum fält zesumme mam 20. Doudesdag vun der kremlkritescher Journalistin Anna Polikowskaja, déi 2006 zu Moskau ermort gouf.

Haaptzil vun de russeschen Attacke wier d'Energieinfrastruktur gewiescht, schreift de Selenskyj op X. D'Ukrain fäert, datt Russland wéi déi lescht Wanteren dorop ziilt, d'Energieversuergung ze zerstéieren. De russesche Militär huet vun Attacken op Produktiounsplaze vum Rakéiten- an Droneproduzent "Fire Point" zu Kiew an anere Stied geschwat.

Vill Explosiounen zu Kiew

D'ukrainesch Haaptstad war dem Selenskyj no Fokus vun de massive Loftattacken. Moies ware vill Explosiounen ze héieren. "D'Rakéite sinn eng no der anerer ageschloen. Souwäit ech ziele kann, waren et op d'mannst zéng bis zwielef Explosiounen", sot ee Reporter vu Kiy Independent.

De Buergermeeschter Vitali Klitschko huet vun op d'mannst zwee Doudege geschwat. Si wieren ënner Stécker vu Garagë fonnt ginn. Zwee weider Leit wieren do lieweg gebuerge ginn. Am Quartier Obolon wiere Gebaier getraff ginn, déi net als Wunnenge genotzt ginn.

30 Doudesaffer zu Kramatorsk

Iwwerdeems goufen en Donneschdegmoien zu Kramatorsk an der Regioun Donezk zwee Busser getraff. Dem Büro vum Procureur vun Donezk no wieren op d'mannst 30 Persounen bei den Attacken ëm d'Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO