ÄthiopienOp d'mannst 22 Doudeger bei Accident mat Camion voller Migranten

AFP, iwwersat vun RTL
Wéi d'Autoritéiten en Dënschdeg mellen, goufe beim Ongléck zu Semera, an der nërdlecher Regioun Afar, 65 weider Mënsche blesséiert.
© MARCO SIMONCELLI/AFP

An engem Communiqué vun den Autoritéiten zu Afar, deen op de soziale Medie publizéiert gouf, heescht et weider, dass d’Leit am Bus vu Schleisere getäuscht goufen a sech der Gefor vun der Rees net bewosst waren. Op engem Bild, dat vun den Autoritéite publizéiert gouf, gesäit een e Camion, deen ëmgekippt ass. D’Kabinn vum Chauffeur vir an den hënneschten Deel vum Camion goufe bei Accident zerstéiert.

Äthiopien ass dat Land an Afrika, mat der zweetgréisster Populatioun, awer och e Land mat villen arméierte Konflikter. Zäitgläich versichen all Joer dausende Migranten aus aneren afrikanesche Länner duerch Äthiopien ze kommen, fir sou iwwert d’Nopeschland Dschibuti an dem Roude Mier an de Jemen ze kommen.

Vun do aus hoffe vill Migranten, an déi no Golfstaaten ze kommen, wou se dann op eng Aussiicht op Aarbecht hunn. Laanscht dës sougenannten “Ost-Streck” goufen eleng tëscht Januar a September 2025 den Doud oder d’Verschwanne vun 890 Mënsche gemellt, sou déi offiziell Zuele vun der Internationaler Organisatioun fir Migratioun (IOM). Dëst wieren der Organisatioun no iwwer duebel sou vill Leit, wéi nach am selwechten Zäitraum 2024.

Back to Top
CIM LOGO