Brandkatastroph Crans-MontanaOch Ermëttlunge géint Chef vun ëffentlechem Sécherheetsdéngscht

RTL Lëtzebuerg
De Walliser Parquet huet am Kader vun der Brandkatastroph zu Crans-Montana Ermëttlunge géint eng véiert Persoun ageleet.
© AFP

Wéi de Schwäizer Sender RTS mellt, hätt de Parquet vum Kanton Wallis an der Affär ronderëm d’Brandkatastroph zu Crans-Montana och Ermëttlunge géint eng véiert Persoun opgeholl. Deemno soll de Chef vum ëffentleche Sécherheetsdéngscht vun der Gemeng Crans-Montana de 6. Februar als Beschëllegte befrot ginn.

Seng Auditioun steet am Zesummenhang mat der Tatsaach, datt d’Gemeng Crans-Montana zanter 2019 keng Kontrolle vun der Bar “Le Constellation” méi gemaach huet, obwuel grondsätzlech all Joer eng Kontroll misst sinn.

Gemeng Crans-Montana keng Partei am Prozess

Donieft mellt RTS, datt de Parquet de 27. Januar decidéiert huet, d’Demande vun der Gemeng Crans-Montana, fir als Partei am Prozess unerkannt ze ginn, ze refuséieren. D’Gemeng huet elo 10 Deeg fir Appell géint déi Decisioun anzeleeën.


Liest dozou och nach:

Back to Top
CIM LOGO