KI-Leader mat Hardware-AnnonceNvidia klëmmt an de Laptop-Maart eran

RTL Lëtzebuerg
Den Chip-Produzent Nvidia huet ugekënnegt, am Hierscht nei Windows-Laptoppe mam Numm "RTX Spark" op de Maart ze bréngen.
Den Nvidia-CEO Jensen Huang
© I-HWA CHENG/AFP

Dem CEO Jensen Huang no sollen dës Apparater eng nei Generatioun vu PCen duerstellen a méi staark si wéi vill aktuell Konkurrenzproduiten.

Déi nei Laptoppe kombinéiere CPU, Grafikleeschtung a kënschtlech Intelligenz an engem eenzegen Chip. Domat riicht sech Nvidia net méi nëmmen un Entwéckler, mee och un normal Benotzer.

Mat dësem Schrëtt trëtt Nvidia an den direkte Konkurrenzkampf mat Apple, AMD, Intel a Qualcomm.

Back to Top
CIM LOGO