Südkoreanesche Militär a Japaneschen Defenseministère mellenNordkorea soll zéng Rakéiten a Richtung japanescht Mier geschoss hunn

RTL Lëtzebuerg
Dem japanesche Verdeedegungsministère no hätt ee Rakéiten detektéiert, déi mat grousser Warscheinlechkeet aus Nordkorea stamen.
En nordkoreanesche Rakéitentest vum 10. Mäerz 2026.
En nordkoreanesche Rakéitentest vum 10. Mäerz 2026.
© STR/AFP

Nordkorea soll e Samschdeg an de fréie Moiesstonnen zéng Rakéiten a Richtung japanescht Mier lancéiert hunn. Dat mellt de südkoreanesche Militär. De japanesche Verdeedegungsministère huet iwwerdeems confirméiert, datt een net-identifizéiert Rakéiten detektéiert hätt, an dës mat grousser Warscheinlechkeet vun Norkorea komm wieren. E Samschdeg hat de südkoreanesche Premier Kim Min-Seok nach gesot, datt hie konkret Gespréicher mam amerikanesche President Trump géif féieren, fir een eventuellt Treffen mam nordkoreanesche Leader Kim Jong-Un z’organiséieren. D’USA versiche jo schonn zanter Joren, Verhandlungen tëscht Süd-a Nordkorea op d’Been ze stellen, an och Nordkorea dozou ze kréien, hiren Atomprogramm opzeginn.

Back to Top
CIM LOGO