
Et hätt een “en onbekannt Projektil” entdeckt, dat aus der Regioun Pjöngjang geschoss gouf. Ronn eng Stonn méi spéit huet d’Arméi da gemellt, datt eng Rei “ballistesch Rakéiten” entdeckt goufen, déi aus der nordkoreanescher Regioun Wonsan a Richtung Ostmier ënnerwee waren. Et soll sech dem südkoreanesche Militör no ëm Kuerzstreckerakéiten handelen, déi eng Fluchdistanz vu ronn 240 Kilometer zeréckgeluecht hätten. Et ass den insgesamt véierte bekannten nordkoreanesche Rakéitentest fir dëst Joer.
De südkoreanesche Büro fir national Sécherheet huet als Reaktioun an der Haaptstad Seoul eng Krisereunioun aberuff a Pjöngjang dozou opgefuerdert mat de “géint Resolutioune vum UN-Sécherheetsrot verstoussende Provokatiounen” opzehalen. De südkoreanesche President Lee Jae Myung huet sech zanter sengem Amtsuntrëtt zejoert ëm eng Verbesserung vun de Relatioune mam international gréisstendeels isoléierten Nordkorea agesat.
Uganks Januar hat de Regime ënnert dem Kim Jong Un Seoul d’Andrénge vun enger Spionage-Dron an nordkoreaneschen Territoire reprochéiert. E Méindeg huet de Lee confirméiert, datt Regierungsmataarbechter um Virfall bedeelegt waren a sech dofir entschëllegt.