
Bei enger Explosioun an engem Brand op enger Militärbasis vun der Arméi am Weste vu Kanada sinn eng Rei Mënschen ëm d'Liewe komm. "Et gëtt souwuel Doudesaffer wéi och Blesséierter nom Virfall op der Militärbasis [Wainwright]" an der Provënz Alberta, sot de Verdeedegungsminister David McGuinty e Samschdeg den Owend Lokalzäit op enger Pressekonferenz. De kanadesche Premier Mark Carney huet elo Detailer ginn: véier Doudeger an Dosende Blesséierter wieren ze bekloen, nodeems et zu enger Explosioun an engem Groussbrand duerno koum. Hiweiser op eng terroristesch Attack géif et den Ament net ginn, heescht et vum Verdeedegungsministère.
Detailer iwwer d'Zuel vun den Affer an de Blesséierten oder wat genee de Virfall war, war an engem éischten Ament net matgedeelt ginn. Hie kéint sech awer u kee vergläichbare Virfall an der jéngster Geschicht erënneren, esou de Verdeedegungsminister McGuinty. Vill Unitéite vun de Pompjeeë waren u Läschaarbechte bedeelegt. Eng Enquête gouf an d'Weeër geleet.
De kanadesche Premier Mark Carney huet op X vun engem "schwéiere Virfall, deen e grousst Feier ausgeléist huet", geschwat. Hien huet all de Betraffene säi Matgefill ausgeschwat a confirméiert, datt d'Regierung mat de regionalen a lokalen Autoritéite géif zesummeschaffen.
D'Militärbasis Wainwright läit ronn 200 Kilometer südëstlech vun Edmonton, der Haaptstad vun der Provënz Alberta. De Warren Thirsk, een Dokter an engem Spidol zu Edmonton, sot der staatlecher Chaîne CBC, déi medezinesch Ariichtungen an der Stad Wainwright wiere "komplett iwwerfuerdert" vun der Zuel vu Patienten, déi ze versuerge wieren. "Et si méi Patienten, wéi iergendeen vun eis elo grad ziele wëll", esou de Thirsk. Et wier eng Katastroph, wéi ee se just all 15 bis 25 Joer géif gesinn.
De Gemengebezierk Wainwright huet iwwer Online-Netzwierker gemellt, datt sech d'Feier wéinst dem staarke Wand séier iwwer d'Militärbasis ausgebreet hätt. D'Pompjeeën hätten d'Feier "fir den Ament am Grapp", ma géifen et enk iwwerwaachen.