Verdacht op BrandstëftungNeie Groussbrand a Spuenien ausgebrach - Scho 700 Persounen evakuéiert

RTL Lëtzebuerg
Knapp ass ee Feier geläscht, brennt et och schonn op enger anerer Plaz a Spuenien. Dës Kéier awer mat engem schroe Verdacht.
Symbolbild
© PEDRO PASCUAL GARCIA/Anadolu via AFP

Zanter en Dënschdeg brennt et am Gebitt Las Hurdes an der Provënz Cáceres am Weste vu Spuenien. 2.200 Hektar Vegetatioun gouf bis ewell duerch d'Feier schonn zerstéiert, dat mat enger "Warscheinlechkeet vun 99 Prozent" virsätzlech geluecht gouf. Dat sot de Vizepresident vun der Regioun Extremadura Abel Bautista.

Eng 10 Uertschafte mat am Ganze ronn 700 Awunner hu missen evakuéiert ginn. Dräi Wunnhaiser goufe beschiedegt a sëllege Stroosse gespaart. Iwwer 200 Pompjeeë sinn am Asaz, nieft 23 Läschfligeren an Helikopteren.

Situatioun an Andalusien an Aragó am Grëff

Bei den zwee vun de bis ewell gréisste Bëschbränn a Spuenien huet sech d'Lag entspaant. Zu Niebla an Andalusien konnten déi lescht evakuéiert Awunner an hir Haiser zeréck. D'Flamen hunn do iwwer 38.000 Hektar zerstéiert.

Och de Groussbrand zu Las Peñas de Riglos an der Regioun Aragó huet sech berouegt. Do si méi wéi 18.000 Hektar verbrannt. Do waren zulescht nach 1.046 Persounen aus 19 Uertschaften, souwéi zwee Campingen evakuéiert ginn. D'Bewunner aus siwen Uertschaften duerften nees zeréck an hir Haiser.

Liest och:

Back to Top
CIM LOGO