
Wéi den US-President Trump e Sonndeg op senger Plattform Truth Social weider erkläert huet, huet hien dem Iran e “raisonnabelen Deal” ugebueden. Falls Teheran dësen awer refuséiere sollt, géingen d’USA “all Kraaftwierker an all Brécken am Iran” zerstéieren. Den Iran huet eng Participatioun bei de Verhandlunge bis ewell net confirméiert. Béid Länner reprochéiere sech Verstéiss géint d’Wafferou.
D’Kraaftwierker a Brécken am Iran géinge “séier an ouni Méi zerstéiert ginn”, schreift den Trump. Hie géing hoffen, datt Teheran “den Deal akzeptéiert”. Sollt dat net de Fall sinn, “wäert et mir eng Éier sinn, dat ze maachen, wat gemaach muss ginn”. “No More Mr. Nice Guy”, sou den US-President weider. Donieft huet den Trump Teheran reprochéiert, mat den Attacken e Samschdeg op en Tanker an der Strooss vun Hormus géint d’Wafferou verstouss ze hunn.
Den iraneschen Ausseministère huet e Sonndeg erkläert, d’US-Blockad vun iraneschen Häfe wier e Verstouss géint d’Wafferou a wier donieft “géint d’Recht an eng kriminell” Handlung. Iwwerdeem kéimen “déi kollektiv Strofe géint d’iranesch Bevëlkerung engem Krichsverbriechen an engem Verbrieche géint d’Mënschlechkeet gläich”, esou de Spriecher vum iraneschen Ausseministère.
D’US-Delegatioun zu Islamabad soll wéi bei der éischter Verhandlungsronn vum US-Vizepresident JD Vance geleet ginn, heescht et e Sonndeg aus dem Wäissen Haus. Och den US-Spezialvertrieder Steve Witkoff an dem Trump säin Eedem Jared Kushner sollen deemno dobäi sinn. Den Trump hat virdrun an engem Interview mam Sender ABC gesot, datt de Vance eigentlech aus Sécherheetsgrënn net dobäi wier.
Ob d’Verhandlungen iwwer e Friddensofkommes mam Iran direkt e Méindeg zu Islamabad ufänken, steet nach op. Dem Trump no sollen d’US-Vertrieder e Méindeg den Owend zu Islamabad ukommen. Den iranesche Parlamentspresident an de Chef-Vertrieder Mohammad Bagher Ghalibaf huet e Samschdeg den Owend kloer gemaach, datt béid Säiten “nach wäit vun enger endgülteger Eenegung ewech” wieren.
An der pakistanescher Haaptstad Islamad goufen iwwerdeem d’Sécherheetsmesurë verstäerkt. D’Autoritéiten hunn e Sonndeg Stroossespärungen a Verkéiersrestriktiounen an der ganzer Stad souwéi zu Rawalpindi annoncéiert.
Journaliste vun der Noriichtenagence AFP hunn arméiert Sécherheetspersonal a Kontrollpunkten an der Géigend vun den zwee Hoteller Marriott a Serena, déi am beschte geséchert sinn, gesinn. D’Awunner goufe vun der Stad zur Kooperatioun mat de Sécherheetsautoritéiten opgefuerdert.
D’Wafferou, déi tëscht den USA an dem Iran ausgemaach gouf, soll zwou Wochen daueren a leeft e Mëttwoch aus. Pakistan, Ägypten an d’Tierkei beméie sech, ze vermëttelen an eng dauerhaft Friddensléisung ze fannen. D’Beméiunge goufen allerdéngs duerch déi nei iranesch Blockad vun der Strooss vun Hormus méi schwéier gemaach.
Zu de Knackpunkte vun de Verhandlungen zielen nieft der Ouverture vum Mierespassage vun Hormus déi iranesch Reserven un Uran. D’Material ass souwuel fir d’Kärenergie wéi och fir Atomwaffen onverzichtbar. Westlech Staate reprochéieren Teheran zanter Joren, Atomwaffen ze produzéieren. Teheran dementéiert dat a verséchert, säin Atomprogramm just fir déi zivil Notzung ze bedreiwen.