Wafferou?Nei ukrainesch Attacken op russesch Pëtrolsinstallatiounen

RTL Lëtzebuerg
Den amerikanesche President hat annoncéiert, dass Russland an d'Ukrain géife mat den Ugrëff op Energieinstallatiounen ophalen.
Déi partiell Wafferou gouf net agehalen.
© KAWANT HAJU/AFP

Op Truth Social hat den US-President Trump e Méindeg annoncéiert, datt Russland an d'Ukrain wéilten ophale mat den Ugrëff op géigneresch Energieanlagen. Deen ukrainesche President hat nach op X geschriwwen, dass esou een deseskaléierende Schratt en éischte Schratt a Richtung Fridde wier.

An der Nuecht op en Dënschdeg koum et lo awer zu neien Attacken. D'Ukrain huet russesch Pëtrolsinstallatioune bombardéiert an och Wunnhaiser wiere getraff ginn. Affer hätten et awer keng ginn, wéi russesch Noriichtenagence mellen. Ronn 40 Drone wieren ofgeschoss ginn.

Back to Top
CIM LOGO