Alternativ zum ÄermelkanalNei Migrante-Route vun der Belsch an England

Petz Bartz
Et gëtt ëmmer méi schwéier fir Schmuggler, Migrante vu Frankräich aus an England ze bréngen. Dofir huet missen eng Alternativ hier an déi hunn d'Banden op der belscher Plage fonnt.

D’Police an d’Gendarmerie a Frankräich hunn hir Kontrolle verschäerft. Ëmmer méi Migrante gi gestoppt, ier se probéieren, iwwert d’Manche an England ze kommen. Anerer gi vun der Garde-Côte ëmgedréit.

Schmuggler hunn duerfir no neie Weeër gesicht an elo d’belsch Plage als Alternativ fonnt. Vun der Belsch aus ass et nach méi wäit fir an England wéi vu Calais oder Dunkerque aus. deemno och nach méi geféierlech.

Mee nawell gëtt et ëmmer méi konsequent probéiert, wéi d’An Berger, Spriecherin vun der belscher Police, eis erkläert:“Zanter dem Ufank vum Joer hu mer vill kleng Booter gesi vun der belscher Côte aus fortfueren. An de viregte Jore waren et guer keng, oder een oder zwee d’Joer. Dëst Joer hu mer bis ewell scho 17 Departen notéiert, mee d’Donkelziffer ass sécher méi héich. Mir hunn der och vill gestoppt kritt, well mer d’Kontrollen op de Stroossen heihi verschäerft hunn.”

Virun e puer Woche gouf e Schlauchboot virun der belscher Côte bei De Haan ofgefaangen. Et war a Séinout geroden an huet riskéiert, voll Waasser ze lafen an ënner ze goen. 19 Leit hu misse vun der Garde-Côte gerett an u Land bruecht ginn.

Et war net een eenzege Rettungsgilet u Bord. Hannert deene riskanten Ausflich sti Mënscheschmugglerbanden, déi d’Leit ouni Skrupel ausnotzen.

“Si maachen et ëmmer a klenge Stécker. D’Leit ginn op eng Plaz bruecht, do musse se dann erëm extra bezuelen, fir weider bruecht ze ginn. Et si verschidde kriminell Organisatiounen, déi a klenge Stécker schaffen. Et ass ni all-inclusive. Et ass geféierlech. D’Migrante gi menacéiert. Et ginn och Leit abuséiert, sexuell abuséiert. Dat gëtt da gefilmt, fir Drock op hir Familljen ze maachen, dass se méi solle bezuelen. Et ass eng kriminell Welt”, sou d’An Berger.

Migrante bezuele bis zu 2.000 Euro fir eng Etapp. Mee d’Police an der Belsch an och Frontex, d’EU-Agence fir Grenzkontrollen, ginn dovun aus, dass mam bessere Wieder d’Zuel vun de Migrantentransporter wäert klammen.

Back to Top
CIM LOGO