Sécherheet an der ArktisNATO schafft un "nächste Schrëtt"

AFP, iwwersat vun RTL
Fir den NATO-Generalsekretär ass et kloer, datt déi arktesch Sécherheet eng wichteg Bedeitung fir d'Allianz huet.
© JULIETTE PAVY AFP

D’NATO schafft den Aussoe vun hirem Generalsekretär Mark Rutte no dorunner, fir d’Sécherheet an der Arktis ze verstäerken. “Aktuell schaffe mir un den nächste Schrëtt, fir sécherzestellen, datt mir tatsächlech zesumme schützen, wat um Spill steet”, esou de Rutte e Méindeg bei enger Visitt zu Zagreb. All d’NATO-Alliéiert wiere sech “iwwer d’Bedeitung vun der Arktis an der arktescher Sécherheet eens”, sot de Rütte virum Hannergrond vun der aktueller Debatt ëm d’Uspréch vun den USA u Grönland.

Den US-President Donald Trump hat jo de Weekend eng weider Kéier d’Uspréch vun den USA, Grönland anzeglidderen, gestäerkt. “Mir kréie Grönland, op déi eng oder aner Weis”, esou den Trump. “Wa mir Grönland net huelen, wäerten et Russland oder China maachen an dat wäert ech net zouloossen,” esou seng Argumenter.

Grönland gehéiert zum Kinnekräich Dänemark, ass awer gréisstendeels autonom. Dänemark ass wéi och d’USA en NATO-Member. Bei den europäesche Partner vun den USA huet den Trump mat senger Ausso fir vill Onrou a Kritik gesuergt. Gläichzäiteg awer erkenne vill europäesch Länner déi gemeinsam Sécherheetsinteressien an der Arktis un.

De Mark Rutte sot a Kroatien, d’NATO misst sécherstellen, “datt mir alles maachen, fir d’Regioun ze beschützen.” Et handelt sech ëm e “wesentlechen Deel” vum NATO-Gebitt an et besteet d’Gefor, datt Russland a China an Zukunft do “méi aktiv” ginn. D’Allianz wier an der Vergaangenheet “net esou staark” an der Arktis aktiv gewiescht, hat dat awer op Wonsch vun den NATO-Memberen am héijen Norden an de leschte Jore geännert.

Back to Top
CIM LOGO