Ukrain-KrichNo Gespréicher a Russland sinn US-Emissäre Kushner a Witkoff elo zu Kiew

Claude Zeimetz
Sarah Cames
RTL mat AFP
D'US-Negociateure Witkoff a Kushner zéien e positive Fazit no hire Gespréicher an der Ukrain.
Et sinn déi éischt Friddensverhandlungen zanter laangem.
Et sinn déi éischt Friddensverhandlungen zanter laangem.
© HANDOUT/AFP

No hirer Entrevue mam russesche President Wladimir Putin e Samschdeg zu Moskau sinn déi amerikanesch Emissäre Steve Witkoff an Jared Kushner, den Eedem vum President Donald Trump, e Sonndeg weider op Kiew gereest, fir Gespréicher iwwert e méiglecht Enn vum Krich ze féieren.

No engem Treffe mam ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj zu Kiew sote si, et hätt ee substanziell Themen ugeschwat. Detailer sinn awer keng genannt ginn.

D'US-Amerikaner sinn e Sonndeg an der ukrainescher Haaptstad vum President Selenskyj empfaange ginn, nodeems si mam Zuch zu Kiew ukomm sinn, dem sougenannte "Peace Express". Kiew hätt "alles probéiert, eis Fluchhäfen operationell ze maachen", sot den ukrainesche President nach, ma russesch Ugrëff hätten dat onméiglech gemaach. An de leschten Deeg hat et eng Rei geziilt Ugrëff op Fluchhäfen an der Géigend ginn.

Eng Première fir Kushner a Witkoff

De Witkoff an de Kushner waren schonn e puer Mol a Russland, ma si waren nach ni fir Gespréicher zu Kiew. Den ukrainesche President Selenskyj sot dem President Trump Merci, et hinnen erlaabt ze hunn, ze kommen: "Et ass ganz wichteg, datt d'Delegatioun hei ass, fir eis ze gesinn. Mir hu laang op de Steve an den Jared gewaart, Witkoff a Kushner", esou de Selenskyj.

Béid Säiten hate sech am Kader vun de Visitten op eng géigesäiteg Wafferou vun dräi Deeg gëeenegt. D'Wäisst Haus seet, d'nächst Woch géif ee konkret Pläng presentéiert, fir de Krich ze stoppen. Moskau selwer huet vun "immens éierleche" Gespréicher geschwat. D'amerikanesch Representanten hätte sech am Detail op hir Rees virbereet an "eng Partie Iddien" presentéiert. Déi lescht Méint war d'Trump-Administratioun verstäerkt mam Iran-Krich beschäftegt. Dëst sinn déi éischt Verhandlungen op héijem Niveau zanter laangem.

Et waren déi éischt Friddensverhandlungen zanter laangem.
E Samschdeg waren d'US-Emissären zu Moskau fir Gespréicher mam Putin.
© GAVRIIL GRIGOROV/AFP

Russeschen Ausseminister geheit Däitschland vir, "nees Krich ze wëllen"

Wärend Russland op där enger Säit Oppenheet undeit, huet de russeschen Ausseminister Sergej Lawrow e Sonndeg awer och net mat Kritik un Däitschland gespuert. Nodeems Däitschland eng geplangten Dronenattack um Leipziger Fluchhafe Russland zougeschriwwen huet, huet de russeschen Ausseminister Berlin virgeworf, nees Krich ze wëllen.

Russeschen Agencen no sot de Lawrow e Sonndeg: "Si hunn erkläert, et wier eng russesch Dron, ouni, datt ee probéiert hätt, méi genee nozefuerschen." Dat wier "den Ufank vun engem echte Krich" an "d'Metastase vum Nazismus" géife sech nees breet maachen, esou de Lawrow nach. "Ech erënnere mech, datt déi Däitsch virum Ufank vum Zweete Weltkrich, dem Grousse Vaterländesche Krich, och hir diplomatesch Vertriedungen zougemaach hunn ... Si wëllen nees Krich."

Den däitsche Bundeskanzler Merz sot dogéint, de Virfall wier "ganz kloer, onbestreitbar an och geriichtsfest" Russland zouzeuerdnen. An der Suite gouf annoncéiert, et géif een dat russescht Generalkonsulat zu Bonn an e russesche Kulturzentrum zu Berlin zoumaachen.

Back to Top
CIM LOGO