"Groussugeluecht Attack"Moskau vun ukrainescher Dronenattack getraff

AFP, iwwersat vun RTL
Déi russesch Haaptstad Moskau huet sech en Donneschdeg géint eng "groussugeluecht" Dronenattack aus der Ukrain verdeedege missen.
"Groussugeluecht Attack": Moskau vun ukrainescher Dronenattack getraff
Déi russesch Haaptstad Moskau huet sech en Donneschdeg géint eng "groussugeluecht" Dronenattack aus der Ukrain verdeedege missen.

De Buergermeeschter vu Moskau Sergej Sobjanin huet iwwer den Onlinedéngscht Telegram matgedeelt, eng Partie Dronen hätten eng Pëtrolsraffinerie getraff. "D'Loftverdeedegung wiert weider eng groussugeluecht Attack of. Eng Rei Drone konnten d'MNPZ erreechen", sou de Buergermeeschter mat Verweis op eng grouss Raffinerie an der Haaptstad.

Et géife "Mesuren ergraff ginn, fir mat de Konsequenzen ëmzegoen", sou de Sobjanin weider, ouni matzedeelen, ob d'Raffinerie beschiedegt gouf. Um kuerz viru 7:00 Auer (Lokalzäit, 6:00 Auer MESZ) hat hie matgedeelt, datt déi russesch Loftofwier an der Nuecht 43 Dronen zerstéiert hätt.

Moskau vun ukrainescher Dronenattack getraff
Déi russesch Haaptstad Moskau huet sech en Donneschdeg géint eng "groussugeluecht" Dronenattack aus der Ukrain verdeedege missen.

En Dënschdeg hat eng ukrainesch Dronenattack e Feier an enger grousser Pëtrolsraffinerie um Bord vu Moskau ausgeléist an Zerstéierunge verursaacht. Ob en Donneschdeg déi nämmlecht Raffinerie ugegraff ginn ass, war éischten Informatiounen no net bekannt.

D'Ukrain huet an de leschte Méint hir Géigenattacken op russeschem Territoire verstäerkt an trëfft reegelméisseg Anlage vun der Pëtrolsindustrie. Kiew wëllt déi fir Moskau wichteg Einnamen aus dem Pëtrolsexport miniméieren, mat deenen de Krich an der Ukrain finanzéiert gëtt. Russland attackéiert d'Ukrain zanter iwwer véier Joer bal all Dag mat Rakéiten- an Dronenattacken.

Back to Top
CIM LOGO