No Plainte géint hiren Ex-MannModeratrice Collien Fernandes rifft zu Manifestatioun virum Brandenburger Tor op

RTL Lëtzebuerg
D'Collien Fernandes huet hiren Ex-Mann Christian Ulmen jo wéinst ënner anerem sexualiséierter Gewalt ugeklot.
© HENNING KAISER/dpa Picture-Alliance via AFP

Zanter der Plainte géint hiren Ex-Mann huet déi däitsch Animatrice a Schauspillerin Collien Fernandes op en neits eng Diskussioun iwwer sexualiséiert Gewalt ugestouss. Fir dëse Sonndeg huet d’Fernandes an eng nei gegrënnten Allianz, de sougenannten “Feminist Fight Club!”, zu enger Manifestatioun virum Brandenburger Tor zu Berlin opgeruff.

Sexuell Gewalt, physesch a psychesch Gewalt wiere méi verbreet, wéi ee menge géif. Mä et géif se matten an der Gesellschaft ginn, schreift si op Instagram.

Hannergrond si schwéier Virwërf géint den Ex-Mann vum Collien Fernandes de Schauspiller Christian Ulmen. De “Spiegel” huet dës Woch gemellt, hien hätt sech um Internet mat KI-generéierte sexuelle Biller a Videoe géintiwwer anere Männer als seng Fra ausginn. D’Collien Fernandes huet am Magazin vun enger “virtueller Vergewaltegung” geschwat. De Christian Ulmen streit via säin Affekot all Reprochen of. Déi däitsch Justizministesch Stefanie Hubig huet dës Woch annoncéiert, Lächer am Gesetz stoppen ze wëllen. D’Täter solle sech net méi sécher fillen.

Back to Top
CIM LOGO