
D’Firma hat d’Gewiicht vun enger Packung vun 100 op 90 Gramm reduzéiert an de Präis gläichzäiteg erhéicht, ouni datt den Emballage däitlech geännert gouf.
D’Geriicht huet dat als bewosst Täuschung gedeit, well vill Leit den Ënnerscheed guer net gemierkt hunn. De Riichter no hätt d’Firma kloer a visibel op déi méi kleng Quantitéit misse hiweisen an dat wärend e puer Méint no der Ëmstellung vum Gewiicht.
Mondelēz International, de Konzern, deen déi fréier Schwäizer Mark zënter 2012 besëtzt, huet sech verdeedegt a gesot, datt d’Gewiicht jo awer richteg op der Verpackung géing stoen.
D’Urteel ass nach net definitiv, well d’Firma nach ka Recours maachen.