
D'radikalislamistesch Hamas huet sech en Dënschdeg mat enger Rei anere Palästinensergruppe bei Verhandlungen zu Kairo drop gëeenegt, dass militant Gruppen an der Gazasträif en Deel vun hire Waffen un eng palästinensesch Administratioun ofginn, woubäi dës allerdéngs nach misst ageriicht ginn. Dat mellt d'Noriichtenagence AFP a berifft sech dobäi op Sourcen aus dem Ëmkrees vun den Negociatiounen.
E komplett Entwaffne vun dëse Gruppen, wéi Israel et fuerdert, gëtt vun den Negociateure vun deene verschiddene Gruppen awer refuséiert.
D'Gespréicher tëscht Vertrieder vu verschiddene palästinensesche Gruppen zu Kairo hu leschte Samschdeg ënnert der Vermëttlung vun Ägypten, dem Katar an der Tierkei ugefaangen. Si sollen neien Elan an d'Negociatiounen iwwer déi zweet Phas vun engem Ofkommes iwwer e Waffestëllstand tëscht Israel an der Hamas bréngen.
D'USA hate jo e Plang fir en Aushandele vun engem Waffestëllstand tëscht Israel an der Hamas virgeluecht. An dësem senger zweeter Phas war ënner anerem virgesinn, dass d'Hamas entwaffent gëtt.
D'Miliz huet dat net kategoresch refuséiert, steet awer um Standpunkt, dass een déi eege Waffen nëmme géif ofginn, wann Israel sech komplett aus der Gazasträif géif zeréckzéien. Israel verlaangt sengersäits awer e komplett Entwaffne vun der Hamas, éier ee weider Schrëtt géing consideréieren.
Och wann Israel net op d'Propos, déi en Dënschdeg ausgeschafft gouf, sollt agoen, kéinten, ënner Berécksiichtegung vum proposéierte Modell, nei akzeptabel Proposen ausgeschafft ginn, sou ee vun de Participante vun de Gespréicher géigeniwwer der AFP.