Nach ëmmer kee Pëtrol dobäiMexiko schéckt weider Hëllefsgidder op Kuba

AFP, iwwersat vun RTL
Ënnert de weideren Hëllefsliwwerunge vu Mexiko u Kuba wäert och dës Kéier kee Pëtrol dobäi sinn.
Mexiko liefert laut Präsidentin Claudia Sheinbaum weitere Hilfsgüter nach Kuba. Erdöl werde jedoch nicht in den kommunistisch regierten Karibikstaat transportiert, fügte sie an. Mexiko bemühe sich um "andere Arten der humanitären Unterstützung".
Déi mexikanesch Presidentin Claudia Sheinbaum schéckt weider Hëllefsgidder op Kuba.
© AFP

Mexiko liwwert der Presidentin Claudia Sheinbaum no weider Hëllefsgidder op Kuba. "Haut brécht e Schëff mat humanitären Hëllefsgidder Richtung Kuba op", sot d'Staatscheffin e Méindeg bei hirer deeglecher Pressekonferenz. Äerdueleg géing allerdéngs net an de kommunistesch regéierte Karibikstaat transportéiert ginn, huet si weider betount. Mexiko géing sech ëm "aner Aarte vun der humanitärer Ënnerstëtzung" beméien.

Mexiko, dat vun der lénksgeriichter Politiker Sheinbaum regéiert gëtt, huet zanter Februar schonn e puer Luedunge mat Hëllefsgidder op Kuba geschéckt. Dorënner ware Liewensmëttel, Medikamenter an Hygiènesartikelen.

D'USA haten hir Sanktioune géint Kuba an der leschter Woch weider verschäerft. Den US-President Trump wëll Kuba eegene Wierder no "iwwerhuelen".

D'US-Militär hat de venezuelanesche President Nicolás Maduro jo am Januar gefaange geholl an an d'USA bruecht. Dono huet Washington dofir gesuergt, datt Venezuela, dat bis dohin de wichtegste Spritlivreur vu Kuba war, seng Liwwerungen an de Karibikstaat stoppt.

Kuba ass an der schwéierster Wirtschaftskris zanter dem Zesummebroch vun der Sowjetunioun: Ëmmer nees kënnt et zu Stroumpannen uechter dat ganzt Land an de Sprit muss rationéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO